loader image

Programm – Lëtz Celebrate Inclusion

Wat? Inklusiven Danz Atelier mam Valentino Nardella
Wéini? 12. Juli um 17:00 Auer
Wou? Salles de sport, Lycée Michel Rodange, Sall 2

Inklusiven Danz – Wat ass dat?
Kommt an entdeckt mat eis zesumme wat et heescht Barriären ofzebauen duerch fräien Danz.
Zesumme schafe mir nei, oppen an inklusiv Begéinungsräim a léiere méi iwwer eis eege Kapazitéiten an Talenter.
Jiddereen ass Wëllkomm!


Wat? Table Ronde: “Mënsche mat Beanträchtegungen – Quell vun Talenter! Ongenotzte Quell vun Talenter?”
Wéini? 13. Juli 2024 – vu 15:15 – 17:45 Auer, Sall 9, 1. Stack

Wien a wat erwaart Iech bei dëser Table Ronde?

Mir diskutéieren zesummen iwwer d’Kompetenze vu Mënsche mat Beanträchtegungen.
Mir schloen d’Bréck vun der Bildung iwwer d’Ausbildung, d’Weiderbildung bis hin zu den Inklusiounsatelieren an dem 1. Aarbechtsmaart.

Mat engem vilfältege Panel sëtze mir d‘Erausfuerderungen, d‘Chancen an d‘Erfollegsgeschichte vu Mënsche mat enger Beanträchtegung an de Spotlight.

Et diskutéieren de Sujet: Jessica De Sa Correia (Agence pour le développement de l’emploi), Andrea Di Ronco (Info-Handicap), Laurent Dura (Ministère de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse), Maud Hansen (Yolande), Martine Kirsch (Zesummen fir Inklusioun), Christophe Lesuisse (Tricentenaire Groupe), Amsal Redzepovic (Fondation Wonschstär), Viviane Soanni (Fondation Wonschstär), Michèle Vallenthini (Wild Solutions)
Moderatioun: Christine Zimmer (Info-Handicap)


All weider Infos, de komplette Programm an Umeldung op: www.allesnormal.lu